100,7: EU preparéiert sech op Novel Food

Wat iesse mir an 20, 30 Joer? Een Hamburger aus Wiem oder kënstlechem Fleesch kritt een haut scho plazeweis proposéiert. Et dauert nach, bis esou Nei Liewensmëttel prett sinn, fir am grousse Stil um Marché ze landen. D’EU probéiert sech dorop ze präparéieren, an huet schonn emol hir Gesetzer adaptéiert.