Single post

Deux nouvelles pétitions contre la chasse en ligne

Fir e Verbuet vun der Klappjuegd
But de la pétition: D’Klappjuegd soll per Gesetz permanent verbuede ginn.
Motivation de l’intérêt général de la pétition: Eng Klappjuegd steet am komplette Géigesaz zum Déiereschutz an ass net méi zäitgeméiss. En Déier ass keng Saach a sollt mat Respekt behandelt ginn. Bei enger Klappjuegd entsteet onnéidege Stress fir déi Déieren, well si virum Kaméidi flüchten. Wann en Déier a Beweegung ass, erschwéiert dat dem Jeeër d’Uviséieren a verréngert d’Zilgenauegkeet entspriechend. Ganz oft ginn d’Déieren esou net direkt ëmbruecht, sondern just ugeschoss a mussen doduerch e laange qualvollen Doud stierwen. Dat ass an eiser ziviliséierter Gesellschaft net méi ze vertrieden.
Den 23.11.18 si bei enger Klappjuegd eng ganz Rei Wëllschwäin op d’A7 gedriwwe ginn. Do ass grob fahrlässig gehandelt ginn, well d’Konsequenze vun der Klappjuegd stellen an dësem Fall e geféierlechem Agrëff an de Verkéier duer a bedreeën d’Sécherheet vun all Mënsch deen zu deem Zäitpunkt op der Plaz ënnerwee ass. Wat geschitt wann ee mat 130km/h en 100kg schwéiert Wëllschwäin ze pake kritt, ka jiddereen sech selwer ausmolen. Am schlëmmste Fall ginn et Doudeger ze bekloen. A wien iwwerhëlt an esou engem Fall d’Verantwortung? Dëse Fall ass bei Wäitem net deen eenzegen, bei deem en Déier duerch eng Klappjuegd op eng Strooss gelaf ass. Viru kuerzem gouf et en ähnleche Fall am Mëllerdall, wou en ugeschossent Wëllschwäin d’Strooss gekräizt huet.
Fir onnéideg Déierequälerei ze vermeiden an d’Sécherheet vun all Automobilist ze garantéieren, appelléieren ech un d’Regéierung, fir der Klappjuegd per Gesetz en Enn ze setzen.

https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=1393&fbclid=IwAR22MM0UgKASkMOpeYfBI6c5HZec9PdyNNkfnk2FpRhlgjeArqOPif0n8MI

L’interdiction de la chasse dans les forêts du Luxembourg
But de la pétition: L’abolition des risques de blessures pour ceux qui font une promenade en forêt.
Motivation de l’intérêt général de la pétition: La chasse n’est plus pratiquée pour raisons vitales, mais que pour la passion qui met beaucoup de gens en danger. Une femme a été blessé gravement à cause de la chasse.

https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=1348&fbclid=IwAR1qKsR6gc4gKFfGxQq4fhR1Y0kLr_E0f8VYxUMZf6I4AWMgzXE0q9ntDrc

 

theme by teslathemes