Single post
By Maria Stiehler

Wéi een Impakt huet d’Nordstrooss op d’Déierepopulatiounen?

Haut ass den éischten Dag ob deem d’Nordstrooss op ass. Ech hunn de Roger Schauls vum Mouvement ecologique gefrot wat d’Konsequenzen dovun op d’Déierewelt sinn.

OLYMPUS DIGITAL CAMERA

(c) Roger Schauls

“Engersäits stellt d’Nordstrooss fir vill Déierenaarten eng Barrière duer. D’Wanderméiglechkeeten vu Wëld, zum Beispill, gëtt extrem ageschränkt, Aarten dei grouss Bëschmassiver brauchen verschwannen an d’genetesch Vilfalt ass a Gefor well d’Populatioune vuneneen isoléiert sinn. Dëst ass ëmsou méi dramatesch well Lëtzebuerg dat Land ass wat souwisou schonn am meeschten zerschnidden ass. Dobäi kënnt datt d’Bëschklima vun engem grousse Bëschmassiv net dat nämlecht ass wéi dat vun engem méi klenge Bësch, wat bedeit datt verschidden Aarten aus dem Gréngewald no der Zerstéckelung vun deem grousse Bësch verschwanne wäerten.”

Ginn et aner Déierenaarten déi nach besonnesch betraff sinn?

“E richtege Problem stellt sech och fir d’Fliedermais. Fliedermais sinn op Strukturen a Landschaften ugewise fir sech orientéieren ze kënnen. Sou eng Strooss ass fir si en oniwwerwandbar Hindernis a si bleiwen op enger Säit gefaang. Dann ass d’Beliichtung vun der Strooss, besonnesch vum Viaduc am Uelzechtdall, natierlech e Problem fir eng ganz Rei vun nuetsaktiven Déieren déi doduerch desorientéiert ginn. Déi kënstlech Beliichtung ass fir sëllech Aarten eng regelrecht Fal, an dréit zu hirem Verschwannen bei.”

Fazit: déi nei Strooss verbënnt d’Mënschen mä trennt d’Déierepopulatiounen…

theme by teslathemes