Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

Sing for the Climate @Neumünster Abbey

2018-12-02 @ 12:00 - 15:00

Greenpeace Lëtzebuerg, a Partenariat mat der Abtei Neumünster an dem Institut européen de chant chorale (INECC), lancéiert eng Erausfuerderung fir ganz Lëtzebuerg! Mir invitéieren Iech dofir alleguer un dësem Dag zesummen am Haff vun der Abtei Neimënster ze sangen.

Weist och Dir äert Engagement fir de Klimaschutz ! Zesumme wäerte mir “Do It Now” op der Melodie vu “Bella Ciao” sangen. Dësen Event wäert opgeholl ginn, op de sozialen Netzwierker verëffentlecht ginn a wäert soumat Deel vun der weltwäiter Beweegung “Sing for the Climate” sinn, un där schonns méi wéi 400.000 Bierger a Biergerinnen aus 49 Länner deel geholl hunn.

Et ass un der d’Zäit datt op politeschem Niveau eppes geschitt, an datt endlech seriö Mesuren geholl ginn, fir d’Äerderwiermung ze limitéieren! Dës Biergerbeweegung wäert den 2. Dezember stattfannen – een Dag virum Start vun der COP24 (Klimawandel-Konferenz déi den 3. Dezember zu Katowice ufänkt).

Programm
12h00 – Accueil
14h00 – Prouf
14h30 – Final Opnam vum Lidd

Zousätzlech Informatiounen :
Et sinn e vegane Food Truck an Gedrénks op der Platz virgesinn

theme by teslathemes