Single post

Massendéierenhaltung: Ginn et Normen?

Den 5 Oktober 2015 war am RTL Moiesjournal en Interview mam Felix Wildschütz, dem Direkter vun der Vétérinaire-Verwaltung. Et ass em d’Fro gaang “Wa Betriber ëmmer weider wuessen, kënnen d’Déieren dann nach aartgerecht gehal ginn?”

Hei d’Transkriptioun dovun fir wann dir et net héieren hutt:

Annick Goerens: Beim Begrëff Massentierhaltung kommen direkt Biller op vu Schippelcher um Band, Schwäin openeegedréckt an enke Käfegen an allgemeng schlechten Ëmstänn. Der Betriber ginn et och, erkläert de Felix Wildschutz, Direkter vun der Veterinärverwaltung, mä hei zu Lëtzebuerg suerge seng Leit mat regelméissege Kontrollen dofir datt gewësse Normen agehal ginn.

Felix Wildschütz: Do geet et engersäits drëm wéi de Stall muss ausgesinn, d’Dimensioune vum Stall, vum Buedem an esou, et ass natierlech och virgeschriwwen datt déi Déiere musse genuch Fudder a genuch Waasser zur Verfügung hunn. Dann ass et natierlech och esou datt muss genuch Personal zur Verfügung sinn. Déi Déieren mussen och iwwerwaacht ginn. Et steet am Reglement dran datt se mussen minimum ee mol den Dag inspizéiert ginn a soubal dann festgestallt gëtt datt eppes mat engem Déier net an der Rei ass, entweder datt et krank ass oder soss eppes ass, muss och do intervenéiert ginn.

Annick Goerens: Wann et awer em d’Plaz geet an em d’Beweegungsfräiheet vum Déier, dann ass et dach fir eng Kou bestëmmt méi aartgerecht e bëssen op d’Wiss ze kommen, oder?

Felix Wildschütz: Déieren kënnen dobaussen sou gutt wéi dobannen aartgerecht gehal ginn. Et kann ob deenen zwou Plazen gutt sinn an ob deene zwou Plaze schlecht sinn. Wat wichteg ass, ass datt d’Konditioune vum Bien-être agehal ginn. Wa mer zum Beispill vun de Poulete schwätzen, do ass genau festgehal wéi vill Surface e Poulet muss zur Verfügung hunn, fir sech awer kënnen fräi ze bewegen. Wat elo d’Mëllechkéi ubelaangt, do hu mir keng spezifesch Reglementatioun mä mir hunn awer eng europäesch Directive wéi déi verschidden Konditioune mussen an engem Betrib sinn fir kënne landwirtschaftlech Notzdéieren ze halen.

Annick Goerens: Fréier hat e Bauer 10-20 Kéi an ass domatt eenz ginn. Haut sinn et der schonn 80-100. Geet et da lo ëmmer sou weider?

Felix Wildschütz: Onendlech kann et sécher net goen. Mä mir hunn jo och net onendlech Méiglechkeeten, mä d’Evolutioun déi ass do, déi ass schwéier opzehalen. Mä nach eng Kéier gesot: Mir ginn d’Garantie vun eiser Verwaltung aus dass mir déi Saach am A behalen an datt mir kucken datt den Déiereschutz respektéiert gëtt.

theme by teslathemes